top of page

Historique

D´Éislécker Stëmmungsbléiser, goufen ufanks den 80er Jore gegrënnt. Di Equipe ass demools aus Membre vun der fréierer Munzer Musik erfirgangen a war einfach ënnert dem Numm Strëpp bekannt. Zweck war et fir Manifestatiounen an der Gemeng Munzen ze verschéineren. Fir d´Leit nach bëssen am Sall ze halen, gouf och nom Galaconcert vun der fréierer Munzer Musik, Dankzmusik gespillt.

 

Schon demools hu vereenzelt Leit aus der Eschduerfer an och aus der Hengischter Musik gehollëf. Den Arrangementer no, war et eigentlich eng Brassformatioun mat nëmmen 3 Holzblosinstrumenter.

 

Éischten Optrëtt aus der Gemeng Munzen eraus, war 1993 den Niklosmaart zu Wolz. Demools war d´Besetzung bei wäitem nach nët esou komplett wéi haut, mee den elektrische Bass an de Keyboard ware schon derbäi. Den 02. Dezember 2007 hon                d´Éislécker Stëmmungsbléiser also fir di 15. Kéier den Niklosmaart verschéinert.

 

1992 hon d´Eislécker Stëmmungsbléiser hiren Numm krit. Vun 1999 un, gët regelméissig zu Eeschwëller am Centre Culturel geprouft. Virdru ware mir  am Sall zu Munzen.

 

Och 1999 hon d´Eislécker Stëmmungsbléiser Fuessonndig dee grousse Fuesbal an der Däichhall zu Ettelbréck zesumme mam Orchester Diesel gespillt.

 

Ganz nei fir d´Musikante war 2003 ee klassische Concert, deen an de Kierche vun Eeschwëller an Donkels gespillt gouf.

2004 stung erëm ee Fuesbal um Programm, an dat mat den Trei Sei zu Veianen an der Larei op Fuesméindig.D´Stëmmungsbléiser spillen d´Joer duerch Ënnerhalungsmusik op dene verschiddenste Manifestatiounen, an zwar mëttlerweil duerch d´ganzt Land an och an der Grenzregioun.
 

Mat engem Galaconcert wollten d’Stëmmungsbléiser de Leit weisen, datt si nët nëmmen Ënnerhalungsmusik kënne spillen, mee sëch duerchaus och un ee méi héigen Niveau runtrauen. 2004 war den éischte Galaconcert mam Motto „Latin“. Dëse Concert gouf zu Eeschwëller am Center Culturel an och zu Wolz am Festsall vun der Primärschoul gespillt.Am Rhythmus vun 2 Joer gouf du regelméißig ee Galaconcert organiséiert an ageprouft. Eis Concerte sën ëmmer zu Eeschwëller am Centre Culturel. 2006 war de Motto „Bands and Groups“ an 2008 stung de Concert ënnert dem Thema “Stars”

Am September 2009 hott eisen Dirigent de Marcel Arendt no 16 Joer den Dirigentestaf  ofginn, fir um Saxophone tenor am Grupp weider Musik ze maachen. D´Ledung hott de Marco Comes iwwerholl, den och Ufanks den 80er Joren dës Band gegrënnt hat.


No 3 Joer hun de Marco Comes an de Marcel Arendt rëm den Dirigentestaf ënnereneen geweesselt. No enger klenger Summerpaus 2013 hott de Verain sich nei fonnt, d'Formatioun as méi kleng gin an trëtt rëm op. Eisen éischte Concert war de Kleessen zu Wolz, an dest och nach fir eng ronn Zuel: fir 20. Kéier ware mir am Dezember derbäi.

 

E grousse Merci geet un all déi Musikanten, déi de Veräin an ierjendenger Form ënnerstetzt hun, seef et als Member oder Renfort op déi mer gäer an der Saison zreckgräifen. Fir mol iwwerhaapt zesumme Musik man ze können, muss am Virfeld vill organiséiert gin. Doerfir och all denen e grousse Merci déi neewt dem Instrument spillen eng Hand upaken.

No 25 Joer Dirigent vun de Stëmmungsbléiser, hott de Marcel Arendt den Dirigentestaf un ee vun eise langjährige Membren, dem Plier Yves, um leste Galaconcert am November 2019 iwwerginn. Dem Marcel fir séng Dingster ee ganz grousse Merci vun der ganzer Equipe.

Während dem Joer 2020 an 2021 haten d'Stëmmungsbléiser, wéi all d'veräiner, eng schwéier Zäit. Duerch d'Pandemie ware keng Manifestatioune méi an sou war eise Kalenner mat de Concerten eidel. An der Hoffnung op eng besser Zäit, hate mir eng kleng Paus.

No der Pandemie ware mir frou, rëm Concerten däerfen ze spillen an d'Stëmmungsbléiser ho mat neiem Elan an enger neier Tenue gestart.

bottom of page